Facebook  

Back to top

Erweiterte Suche

Musik

D'Mina an déi vergiesse Melodie

Trio DORA fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven

Daten

-

Mehr Informationen

(Dieser Text existiert nicht auf deutsch)

FESTIVAL ECHTERLIVE 2020



D’Mina wunnt an engem grousse Schlass, an deem och schonns de Beethoven als Gaascht beim Fürst Lichnowsky gewunnt huet. De Viktor, e faarwegt an ëmmer gutt gelauntent Fantasiewiesen ass dem Mina säi Frënd. Och, hien wunnt scho laang am Schlass an hat deemools de Ludwig van Beethoven héchstperséinlech kenne geléiert. Hien huet esou guer dierfe mam grousse Komponist zesumme sangen a musizéieren.



Dowéinst weess hien och esou munch witzeg Geschicht z’erzielen. Mee wéi hien senger Frëndin seng Lieblingsmelodie vum Beethoven wëll virsangen, weess hien net méi wéi se geet … dat mécht hien traureg. Zesumme mat de Kanner siche mir no der verluerener Melodie. Vläicht kann eis de Mound weider hëllefen?



Fir den 250. Gebuertsdag vum Ludwig van Beethoven huet den Trio Dora an Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch an dem Jenny Spielmann eng musikalesch Opféierung kreéiert, an där d’Kanner d’Liewen an d’Musek vum Komponist op eng spilleresch Aart a Weis entdecke kënnen. D’Kanner ginn opgefuerdert sech aktiv op d’Sich no der verluerener Melodie vum Trio No3 Op1 vum Beethoven ze maachen. Wäerten si d’Melodie erëmfannen?



Lëtzebuergesch, Daïtsch & Gebärdesprooch     (50 Min. ouni Paus, Kanner 3-6 Joer)



Piano - Annalena Castagna



Gei - Carole Mallinger-Leyers



Cello - Yves Tordy



An Zesummenaarbecht mam Catherine Hengesch & Jenny Spielmann



Oeuil externe - Betsy Dentzer



Gebärdeniwwersetzung - Lynn Menster



Partner - Centre de Logopédie


Medien

Ort

TRIFOLION Echternach
2 Porte St. Willlibrord
6486 ECHTERNACH
Luxemburg

Preis(e):

  • Prix unique :
    10.00
  • Kulturpass :
    1.50

Kontaktinformationen für dieses Event

Organisator

TRIFOLION Echternach

Event teilen

Zum Kalender hinzufügen

Organisation

Stichwörter

TRIFOLION Echternach, Ticket Service Echternach

Dies könnte Sie ebenfalls interessieren...

Musik
-
Valentiny Foundation
REMERSCHEN
Musik
Rockhal - Etablissement public Centre de Musiques Amplifiées
ESCH-SUR-ALZETTE
Musik
ARCA Bertrange
BERTRANGE
X

Tickets kaufen

Ticket Service Echternach
caisse@trifolion.lu 00352 26 72 39 500